Klammen léiren beim GAL
Dem GAL gesäit séng Aufgab doranner, dene Jonken Klammen beizebréngen, als éischt am sécheren Emfeld vun der Klotermauer. Eis Moniteuren gin do engersäits hiert Wëssen ronderem den Emgang mam Klotermaterial an d'Verhaalen an der Kloterhaal weider. Anerersäits vermëttelen sie och Klotertechnik fir denen Jonken d'Méiglechkeet ze gin sech mat Freed an der 3. Dimension weiderzebewegen.
Den nächste Schrëtt as dann de Fiels, wou mir déi Jonk a Jugendlëch begleeden, an se un dat Element eruféiren.
Och bei den Erwuessenen leen mir de Schwéierpunkt op Ausbildung, déi et eise Memberen soll erméiglechen, sech autonom a sécher an der Haal oder am Fiels fortzebewegen.
Auerzäiten
Méindeg | Denschdeg | Mettwoch | Donneschdeg | Freideg | ||||
17:30 | ||||||||
18:00 | Entraînement compétition jeunes 10 à 16 ans @Coque |
Entraînement jeunes 12 à 16 ans (100% autonomes) @EEII Mamer |
||||||
18:30 | ||||||||
19:00 | Escalade libre
adultes, 100% autonomes @EEII Mamer |
|||||||
19:30 | ||||||||
19:45 | ||||||||
20:50 |
Aschreiwung
D'Trainingen fänken respektiv den 23.9.19 an den 3.10.19 un.
Während de Schoulvakanzen sin keng Aktivitéiten.
Während de Schoulvakanzen sin keng Aktivitéiten.
D'Aschreiwung fir d'Cours'en fannen jeweils den éischten Dag op der Platz statt. D'Trainingen kaschten 50EUR pro Semester (1 oder 2 Trainingen). Et muss demno eng Memberskaart plus den Traing bezuelt gin. Dat 2. Semester fänkt no der Fuesvakanz un.
- Zu Mamer huelen mir 14 Jugendlecher am Alter tëschent 12 an 16 Joër un
- Fir den Competitouns-Training an der Coque huelen mir 8 Jugendlecher am Alter tëschent 10 an 16 Joër un
Während dem Semester huelen mir keng nei Aschreiwungen un.
D'Fehlen bei 2 Traininger noeneen, oder 3 mol am Semester, ouni en valabelen Grond huet den Auschloss vum Training als Konsequenz.
Lies och w.e.g. d'Reglement
Schoulvakanzen
Europaschoul | Letz. Schoulen | |
---|---|---|
Allerhellegen | 28/10/2019 - 01/11/2019 | 28/10/2019 - 01/11/2019 |
Krëschtvakanz | 23/12/2019 - 03/01/2020 | 23/12/2019 - 03/01/2020 |
Fuesend | 17/02/2020 - 21/02/2020 | 17/02/2020 - 21/02/2020 |
Oueschteren | 06/04/2020 - 17/04/2020 | 06/04/2020 - 17/04/2020 |
Christi Himmelfahrt | 18/05/2020 - 22/05/2020 | |
Pëngschten | 02/06/2020 - 05/06/2020 | |
Summervakanz | 03/07/2020 - 08/09/2020 | 16/07/2020 - 14/09/2020 |
Hei fënns du d'Schoul an d'Klotermauer zu Mamer
Déi nächst Aktivitéiten, Klammen an Alpinismus
-
Saturday, 7 December, 2019 - 09:30
-
Thursday, 9 January, 2020 - 00:00
-
Friday, 17 January, 2020 - 00:00
-
Sunday, 9 February, 2020 - 00:00
-
Saturday, 22 February, 2020 - 00:00
Kloterhaalen an der Emgéigend
Wou? | Waat? |
---|---|
Coque, Luxembourg Kirchberg | toprope, lead, boulder |
D-Summit, Dudelange | toprope, lead, boulder |
Redrock Climbing Center, Sanem | toprope, lead, boulder |
L'Escale, Arlon | toprope, lead (*), boulder |
Rocklands, Saarlouis | toprope, lead, boulder |
Blocschokolade, Trier | boulder |
Eifelblock, Trier | boulder |