Zu Audin le Tiche an der Carrière daerf erem geklommen gin. D'FFME huet zesummen mam Proprietär an mat villen Freiwëllegen de Site sanéiert.
Et bleiwt e Site an freier Natur. De Site as zum groussen Deel "sportlech" equipéiert. Do en Helm un wanns de do klemms!
Wéi emmer : de Site mat Respekt behandelen, keen Dreck, oder onnëtz Kaméidi machen. Haal dech un d'Virschreften vum Site. E Parking as extra uewen bei der Strooss amenagéiert gin.
E ganz groussen Merci un de Comité Départemental 57 vun der FFME, un déi selech Freiwelleger déi de Site sanéiert hun, an net zulescht un de Egentümer!
Vill Spaass !