De Camille den op Sylvester 1925 gebuer gin ass huet eis am Alter vun 95 Joer de 26 Januar 2021 fir ëmmer verloss. Et ass traureg mee dass de Wee den mir all musse goen.
Ech sin gefrot gin ob Ech de Camille als Kloterer gekannt hun an ob Ech e puer Zeilen kënnt schreiwen. Selbstverstaendlech hun Ech de Camille kannt well seit 1958 aktive Member vum Groupe Alpin de fréiher e Groupe vun der Jugendherbergzental wor an wou Ech dodurch vill Leit kennen geléiert hun.
De Julot den eng grouss Ausstrahlung hat, huet durch senge ville Aktivitaeten, wéi Kloteren, Biergsteigen, Nuetsmärsch, Wandertir, Volleksdänz, Musikstir vill Leit ugezun déi mat him alles mat gemeedt hun an mat him durch deck an denn gangen sin.
Esou sin vill Kloterer ze Fouss gangen an Wanderer kloteren gangen. Well Ech och alles mat gemeedt hun, hun Ech natirlech och de Camille perséinlech kennen geliert. Interessant ass awer dass Ech de Camille schons éischter kennen gelert hun als den Här Meres den och op eng Bank geschaft huet an mat dem Ech regelmässeg Kontakter hat. Mee de Camille ass net nëmmen geklotert, hien ass an Bierger gang, huet de Mont Blanc bestiegen, ass vun Zeit zu Zeit och mat op Galtir gang,ass vill Velo gefuer an ass am Wanter Schi gefuer. Ech wees dass hien vill mam Armand op Celerina Schi fueren gang ass, mee och ass hien, seng Fra Lily, Nicole, de Julot, Feliane,d e Pol a Francine, de Georges an Elly, de Jean-Paul asw op Wengen Schi fuehren gefuer, wou mir alleguer ëmmer Metteg zesummen op der klenge Scheidegg Paus gemeedt hun. De Camille ass och mat eis am Kader vun der JH an SNJ getrëppelt mam Serge vun der JH an dem Rairy. Och huet de Camille sech fir eis Ultratir wéi Clierf-Letzebuerg interessiert. Regelmässeg ass hien an der Mettegpaus op Kiemen eis besichen komm an huet gezielt viwill der Harder dann ënnerwee woren déi déi 65km getrëppelt sin. Ech menge de Camille wor och esou een Alroundmann den villes gemeedt huet an dat mat enger grousser Perfektioun. Ech denke een Rekord huet awer mat Secherheet opgestalt an dat ass dass hien nach mat iwer 90 Joer an der Hal geklommen ass. De Camille huet mechtens net vill geschwat, mee emol huet hien wéi e Wassefall mir erzielt wéi hien am Krich am Lazarett louch an wou déi preissech Doktoren gemengt hun hien giw de Krich net iwerliewen. Esou kënnen Doktoren sech irren.
Fir mech lieft de Camille weider genau esou wéi all déi aner Frënn a Kameroden vum Gal a wen wees vlaicht gesin mer eis irgendwann nees erem.
Senger Famill soen mir härzlech Beileed.
Georges Hemmen
Je n'ai pas connu Camille très bien, alors que je l'ai régulièrement croisé dans l'une des salles d'escalade des environs. Toujours de bonne humeur mais concentré, oui presque consterné, nous n'avons pas manqué d'échanger quelque mots. J'admirais Camille. A son âge être encore actif à tel point. Au GAL, il fut réviseur de caisse, il prêtait main forte pour l'envoi du GAL Info, et encadarait les "Klotersonndeger" aux premières heures du GAL.
A sa famille et à ses proches, j'exprime mes sincères condoléances.
Steve Schiltz
Et muss, denken ech, 1969 gewiescht sinn, wéi ech de Camille beim Klammen kenne geléiert hunn.
Un déi genau Ëmstänn erënneren ech mech net méi, mais et kann jo bal nëmmen um “Klotersonndeg” gewiescht sinn, deen déi Zäit all éischten Sonndeg am Mount stattfonnt huet. Do war d’ganzt Joer duerch, a bei all Wieder, mueres Rendez-vous op eiser Campingsplaz am Bësch iwwer de Fielsen, wou dann all d’Moniteuren op d’Kloterer gewaart hunn. Een vun hinnen war à tour de rôle Responsabel, an deen huet dann d’Kloterer jee no Niveau bei déi eenzel Moniteuren agedeelt an da sinn si klammen gaang, bis zur Mëttespaus wou si nees all zesummen bei engem Feier op der Campingsplaz giess hunn.
Do wäerten mir eis dunn emol zesummen bei engem Moniteur um Seel erëmfonnt hunn.
Sécher ass op alle Fall dass sech zwëschen eis ganz séier eng Frëndschaft entwéckelt huet. Dobäi muss een wëssen, dass de Camille deemools bal 3 mol esou al war wéi ech, deen bei sengem Neveu an der Klass am Kolléisch war.
Mir zwee hunn eis einfach ideal ergänzt:
An dann ass et lass gaangen op Berdorf, wou d’Kloteren déi Zäit e bëssen anescht gaangen ass wéi haut.
Am Ufank hate mir nach keng Baudrieren, mir hunn eis also einfach d’Seel em d’Broscht gestreckt. D’Baudrieren sinn dunn awer geschwënn komm, fir d’éischt waren dat reng Broschtbaudrieren, eng Zäit drop sinn déi dann duerch e puer Sëtzschlaufen ergänzt ginn. A geséchert gouf iwwer d’Schëller.
Mir sinn och ëmmer uewen eraus geklommen, do huet deen éischten sech un engem Rëngpiton geséchert, an dann huet en deen zweeten vun uewen geséchert, an duerno sinn si nees iwwer e Fousswee ronderëm d’Fielsen erof gaang, oder si hunn e Rappel gemaach, woufir en sech d’duebelt Seel einfach zwëschen de Been erduerch an dann iwwer d’Broscht an iwwer d’Schëller gefouert huet, a mat enger Hand fir an enger Hand hannen d’Descente kontrolléiert huet.
Deemools war et och ganz normal, all Pitonen mat de Mousquetonen dran als Handprise fir d’Progressioun ze benotzen. A mir sinn och “Artif” geklommen, dat heescht a Voien déi ze schwéier waren fir fréi ze klammen hu mer “Etrieren”, kleng Stréckleederen fir jeeweils een Fouss, an d’Pitonen gehaang, woubäi d’Konscht war, op der ieweschter Plaquette méiglechst héich iwwer de Piton eraus ze kommen fir deen nächsten Piton anzehänken.
Och d’Schong waren ganz anescht. Mir haten bal all de Modell “RD Calcaire” (“RD” fir René Desmaison, a “Calcaire” seet jo wuel dass déi Schong net fir de Berdorfer Sandsteen entwéckelt ginn waren) vu Galibier. Dat waren héich Schong mat profiléierten Vibrams-Suelen mat enger stolen Plaque dran déi se komplett rigid gemaach huet. Extra drun war awer dass d’Suel guer net vir a säitlech iwwer de Schong eraus gestan huet, an, dat haten se da schonn gemeinsam mat eisen heutegen Schlappen, dass een se vill ze kleng kaaft huet, praktesch net dra goen konnt, an ëmmer frou war fir se auszedoen.
An dat grousst Evenement vum Joer war ëmmer de Päischtweekend, wou traditionell ganz vill Kloterer aus den Nopeschlänner op Berdorf komm sinn an am Bësch campéiert hunn. Dozou huet dann och ëmmer e Kloterconcours (dobäi sinn net eenzel Kloterer, mais Cordéen géinteneen ugetrueden; an den Haaptcritère fir d’Classement war dann awer schonn d’Zuel vun de Pitonen déi een ugepaakt huet) gehéiert, an owes e grousst Lagerfeier ënner dem Toit du Monde.
Et war och a deenen Joeren wou mir eis éischt Versucher op de Schi gemaach hunn. Eis däitsch Kollegen vum DAV-Tréier hunn eis invitéiert op hir Schipist an an hire Refuge déi si iergendwou bei Hermeskeil am Honnsréck am Bësch haten. A wann een ënne war huet een d’Schi ausgedoen an op de Réck geholl fir nees erop ze goen.
Mir sinn dann natierlech och mat op d’Randonnéeën gaangen, déi an der Haaptsaach vun deem legendären Rob Goergen, deelweis awer och vu sengem beschten Kolleg, dem Georges Hemmen (“Super”) organiséiert goufen, an, net ze vergiessen, op d’Nuetsmärsch, fir déi de Julot zoustänneg war, deen all déi beschten Hameschmierenadressen am Land kannt huet.
Wéi vill mol mir zwee esou zesummen op Berdorf waren, weess keen. Mais dat ass esou weider gaang bis 1973, wéi ech Première gemaach hunn an et mech duerno an d’Ausland verschloen huet. An de Camille ass weiderhin geklommen mat eise Kloterkollegen deeër mir jo e ganze Koup haten: Georges Als, Julot Faber, Téid Bour, Jang Gérard, Norbert Kollmesch, Guy Greisen, Guy Waringo, Christiane Jennequin, Jules Dauphin, Pit Weisgerber, Carlo Juncker (“Jucki”), Loll a Marcel Fautsch, Marco Ley, Ernest Lang, Ernest Deutsch, Jeanni Schaeffer, Bernadette Damonville a vill anerer. An et sinn der dunn nach eng Rei derbäi komm an deenen Joeren wou ech net esou aktiv war: Marthe Carier, Paul Decker, Jacques Radrizzi, Arnold Schaack, Paul Jomé, Marie-Josée a Gilbert Hentgen, Jean-Paul Harpes, Jang Colbach, Willy Jacoby, Armand Theisen, Louis Weber, Jean-Paul Diederich asw. Ech hunn elo bestëmmt e puer wichteg Nimm vergiess, pardon dofir.
Déi puer Joeren wëllt ech op kee Fall mëssen, merci Camille!
Jewi
Wéi ech ugangs der 80zeger Joren an de GAL koum hunn ech de Camille, ee vun den éischten Lëtzebuerger Kloterer, kennegeléiert. Hien war e rouegen, zeréckhalende Kloterer deen ëmmer prett war mat engem ze klammen wann ee grad kee Partner hat.
Um Klammsondeg koum da mëttes och seng Fra, d’Lily, a mir soutzen dacks zesummen op de Fielsen ze poteren. Obschons de Camille eng aner Generatioun war wéi ech hu mir eis ëmmer ganz gutt verstanen.
De Camille war awer net nëmmen e sympathesche Kloterkolleg mee hien huet och ganz vill fir de GAL gemaach. Wärend Joren huet hien gehollef d’Circulaire vum Gal anzepaken an och d’Zeitung vum Club, d’Gekloters. Dat waren ëmmer ganz agreabel Owenter déi mir zu enger Equipe zesummen verbruecht hunn. Hien huet awer ni vill Ophiewen iwwer dës Aarbecht gemaach mee war ëmmer disponibel.
Wéi et dunn beim Klammen mat den Halen lassgaangen ass, war de Camille och hei direkt derbäi an mir hunn hien zu Ettelbréck mam Rita Mackel oder Jang Gérard begéint, dono och zu Arel wou hien dacks mam Georges Als geklommen ass. Déi Areler hunn et als Éier ëmfond dass ee Mann a sengen 80zerg Joren reegelméisseg bei si klamme komm ass an hunn him dofir och d’Entrée geschenkt. Wéi d’Coque dunn opgaangen ass koum hien och dohinner klammen.
Vum Jules weess ech dass hien och gären Schi gefuer ass, si waren déi eng oder aner Kéier do zesummen ënnerwee.
Nieft dem Klammen ass de Camille och gäre Vëlo gefuer an huet gréisser Distanzen zréckgeluecht. Am héijen Alter huet hien sech nach en E-bike zougeluecht fir mat deem déi Touren ze maachen déi hien virdrun mat sengem Coursevëlo gemaach huet. Dacks hunn ech hien domadder och um Lampertsbierg gesinn.
Eng vun de leschte Kéieren wou ech mam Camille zesumme war, war op der Agape vum GAL wou hien ëmmer gären mäin Dëschnoper war.
Et huet een ëmmer geduecht de Camille wär onverwüstlech, mee leider huet op eemol d’Krankheet och hien erwëscht an déi lescht Zäit konnt hien dunn net méi senge Liblingsbeschäftegungen nogoen.
Ech behalen de Camille als léiwe, sympatesche Kolleg an Ërennerung. Äddi Camille.
Mariette Mangen
Äddi Camille !
Och wann ech net laang méi enk Kontakter hat mam Camille, esou huet hien awer meng aktiv Klammzäit am GAL gepräägt.
Et muss am Hierscht 1972 gewiescht sinn, wéi mir mat de Scouten e „Schnupperdag“ mam GAL an de Kloterfielsen zu Bäerdref organiséiert haten. De Kontakt ass iwwert de Georges Kayser, onsen deemolege Scoutschef gelaf. Ennert de Regie vum onermiddlechen an onvergiessleche Julot Faber krute mir ons éischt Uleedungen iwwert d’Klammen an ouni laang ze faxe krute mer d’Seel em de Bauch gebonnen a jiddweree vun ons huet ennert der Obsiicht vun engem erfuerene GAL Member seng éischt Kloterschrëtt an der „Héicht“ probéiert.
Natiirlech stoung och de „Rappel“ um Programm; dest ass nodréiglech secher méi beandrockend wéi et ons deemols geschéint huet, esou hat jo kee vun ons e Baudrier an och soss keen Equipement. Mam Seel em de Bauch fir d’Secherung a mat engem anere Seel iwwert d’Schëller an ennert dem Aarsch hu mir ons voller Begeeschterung no enne geschaukelt.
Deen Dag ass vill ze séier eriwwer gaang an zu onser dräi, de Pit Kayser, de Marc Dormal an ech hate mir ugebass a sinn och Member vum GAL ginn fir weiderhin un de Klammaktivitéiten deel ze huelen (oder d‘Fielsen onsecher ze maan, wéi mer deemols gesot hunn).
Esou ass et och net ausbliwen, datt ech de Camille kenne geléiert hunn. Hie wor bal emmer präsent, an dat net nemmen op de Klotersonndeger (1. Sonnden am Mount), mä och op vill där Sonndeger derteschent. Et wor Zoufall datt ech dacks mat him an enger „Cordée” wor, an hien ass secher och a mengen Erënnerunge mat uewe, well hien regelméisseg mech heem siche komm ass, wann et geheescht huet, op Bäerdref klamme goen. Secherlech wor et och d‘Erfahrung ze maachen, datt een als 15-16järegen e Kolleg konnt hunn, deen am Alter vu sengem eegene Papp war, déi mer säin Numm ennert all deenen anere méi präsent léisst.
Well ech aus diverse Grënn, awer haaptsächlech wéinst anere Sportaarten nemme knapp 2-3 Joer klammaktiv wor, kann ech mech leider net méi un all di vill Volontairen erënneren déi de GAL deemols nach hat. Vill Nimm bleiwe mer e Begrëff, och wann ech deelweis d’Gesiichter verluer hunn.
Spéiderhinn hunn ech de Camille mol nach op der enger oder anerer Randonnée begéint; ech hunn hien och op déi Zäit aus den ugangs 70-Joren ugeschwat, mä hie konnt sech awer net méi esou richteg erënneren. Schued, awer logesch; meng aktiv Klammzäit wor dofir vill ze kuerz!
Trotzdeem bedäit se mir vill an ech brengen se emmer erem mam Camille a Verbindung.
Romain Roden